close
Op den Inhalt sprangen

Virtual International Authority File

Vu Wikipedia
Image
VIAF-Logo

D'Virtual International Authority File (VIAF) ass eng virtuell international Normdatei. Et ass e gemeinsame Projet vu verschiddenen Nationalbibliothéiken a Bibliothéiksverbënn, dee vum Online Computer Library Center (OCLC) bedriwwe gëtt. De Projet gouf am Joer 2003 vun der Däitscher Nationalbibliothéik (DNB) an der Bibliothéik vum US-Kongress initiéiert a funktionéiert zënter 2012.

D'Zil vum VIAF ass et fir eenzel national Normdateien zu enger globaler standardiséierter virtueller Normdatei ze verknëppen. D'Donnéeë ginn online ugebueden a si fir d'Fuerschung, den Datenaustausch an e gemeinsaamt Benotzen disponibel.

Och d'Lëtzebuerger Nationalbibliothéik mécht beim Projet mat.

Image  Commons: Virtual International Authority File – Biller, Videoen oder Audiodateien